Eis 3TPMG & 3TPMGI op Studierees am Ruhrgebitt

Dësen Donneschde ware mir mat eiser 3TPMG&3TPMGI an d‘Ruhrgebitt.

Scho fréi moies si mir Richtung Harsewinkel fortgefuer, wou mir bei Claas eng immens flott Visitt kruten. Vun dem éischte Blech bis zum fäerdegen Häcksler Jaguar, Mädrescher Lexion an hirem neisten Trakter Xerion, konnten eis Schüler di eenzel Produktiounslinnen ukucken an hunn vill iwwer Stolbau, Lackéiere, Montage a Logistik mat modernen selbstfahrenden Roboter geléiert.

Virun ass et gaang op Dortmund, wou mir an dem Jean-Pierre Kraemer sengem Big Boost Burger Restaurant gutt zu Mette giess hunn. Duerno stoung de Pace Museum mat enger Ronn Time Attack un, wou di eenzel Schüler, aus de verschiddene Klasse, géintenee ugetrueden si fir hiert Kënnen op engem Racesimulator enner Beweis ze stellen. Hir Proffe konnten sech et net huele loossen a sinn duerno och nach ugetrueden.

Mir hunn de schéinen Dag an engem gudde Restaurant, an enger Partie Billard ausklénge gelooss.

Freides si mir virun op Düsseldorf gefuer a kruten am Wierk vu Mercedes Benz d‘Produktioun vun de Sprinter an  e-Sprinter gewisen. Immens interessant war hei d‘Automatiséierung vun de Schweessroboter an och bei der Montage. Derniewent kruten d‘Schüler eng Asiicht, wéi Mercedes Ergonomie an der Produktioun fir hir Mataarbechter asëtzt.

Mir kucken op alle Fall op eng flott Excursioun zeréck, déi sécher nach laang an Erënnerung bleift an och an dem een oder anere Cours beschwat wärd ginn.