Studierees 1TPMG / 1TPME

Wann een mengt et wär Alles gelaf, dann gëtt et nach eng Kéier esou richteg schéin!

Nodeems d’Schüler vun der 1TPMG an der 1TPMGE all d’Epreuven vun hirer Ausbildung ofgeschloss haten, stoung nach eng kleng Studierees um Programm.

De Samschden 18. Juni ass mam TGV mat 300 km/h op Paräis gefuer ginn.

Den éischten Dag war den Highlight de Musée de l’air et de l’espace um Bourget. Hei sinn d’Schüler vill iwwert d’Geschicht vun der Loftfaart gewuer ginn, an konnten divers Ikonen, wei Douglas Dakota, North American Mustang, Supermarine Spitfire, BAC Concorde, Airbus A380, … bewonneren.

Dat war natierlech besonnescht intressant fir déi Schüler, déi d’nächst Schouljoer hir Ausbildung zum Fligermecanicien starten.

                                                                                                                       

Weider stoung e bëssen Sightseeing mat Bus an Metro um Programm.

Owes ass am Restaurant Les Artistes op Montparnasse giess ginn.

Duerno konnten d’Schüler  nach de schéin beliichten Eifeltuerm bewonneren.

Am Hotel IBIS Alésia Montparnasse gouf iwwernuecht an Energie fir den nächsten Dag getankt.

Sonndes Moies ass et mam Bus an den Musée des Arts et Métiers gaangen.

 

 

 

 

 

 

 

 

 

Dëse Musée gëtt e schéinen Abléck an d’Geschicht vun der Entwécklung vun der Technik.

 

No der Visitt war dann och erëm de schéinste bloen Himmel um Rendezvous an et gouf op enger Terrass am Marais zou Mëtteg giess.

Nomëttes sinn nach e puer Highlights vun Paräis, deels zou Fouss an deels mam Batobus besicht ginn.

No engem leschte Patt an enger paraiser Brasserie ass et dunn kuerz virun 9 Auer owes erëm Heem op Lëtzebuerg gaangen.