Schlittschongfueren a Curling am Kader vum IFO

E Freiden den 9. Februar waren eis Schüler vun de 7e Klasse mat hire Proffen op d’Äispist op d’Kockelscheier fir zesummen e flotte Muere virun der Vakanz ze verbréngen. Ob Schlittschong fueren oder Curling spillen, et war fir jiddereen eppes dobäi.

Dës Aktivitéit hu mir eise Schüler am Kader vum Programm IFO (Individuelle Föderung und Organisation) proposéiert, well fir eis am LPEM ass et net nëmme wichteg eis Schüler optimal individuell ze fërderen, mee hinnen och als Klass (zesumme mat hire Professeren) d’Méiglechkeet ze ginn als Team ze wuessen an natierlech Spaass ze hu fir herno am Klassesall erëm voller Motivatioun lass ze leeën.

No engem gemittleche Mëttegiessen zesummen ass et do fir all Schüler an di wuelverdéngte Vakanz gaang.