Eis 3TPIFI bei Arcelor Mittal!

D’Klass 3TPIFI war en den Donneschden den 2. Februar op enger Visite bei Arcelor Mittal Déifferdeng. Eis Schüler*innen hu gestaunt wéi se gewuer gi sinn, dass hei zu Déifferdeng Träger gemaach ginn déi am Guinnessbuch vun de Weltrekorder stoe kennen, di gréisst a schwéierst Träger vun der Welt. Si ware begeeschtert ze gesinn, wéi déi tonneschwéier, routgliddeg Elementer sech duerch d’Walze beweegt hunn.

E groussen MERCI un d’Team vun Arcelor Mittal fir déi fantastesch Visite!