Rentrée 7e 2022/23: «Mir léieren eis Schoul kennen»

E Méinden, 19.9.22 sin d’Schüler vun eise 7ièmen mat hiren Elteren fir d”Éischt an de Lycée komm.

Sie kruten wichteg Informatioune vun der Direktioun, hunn hier Regente kenne geléiert a kruten hieren iPad.

Dënschdes, den 20.9.22 hate mir e flotte Programm, “Mir léieren eis Schoul kennen” op d’Been gesat.

Mat ënner anerem enger Rallye duerch de ganze Lycée, hunn d’Schüler iwwert 14 QR Coden, de Lycée selbststänneg kennegeléiert.