Remise des diplômes, prix et certificats 2021/2022

Et war eis eng grouss Freed, de 14. Juli d’Diplomiwwerreechung vun 80 Schüler aus dem LPEM am « Centre Culturel Tramsschapp » um Lampertsbierg ze feieren.

Dëst war d’Remise des Diplômes, des Prix et des Certificats vun de Classes terminales vum Lycée Privé Emile Metz, also dem DAP (« Diplôme d’Aptitude Professionnelle »), dem DT (« Diplôme de Technicien ») an de Mécaniciens d’avion esou wéi d’1e GIN aus dem Enseignement Secondaire Générale (ESG).

An dësem Kader waren och Representanten vun der Cargolux, der Luxair, der Luxembourg Air Rescue an der « Aviation Civile » uwiesend.

Mat der Ënnerstëtzung vum Éieregaascht, dem Staats- an Premier Minister Här Xavier Bettel, goufen d’Diplomer zesumme mat der Directrice, Madamm Martine Berchem, an der Präsidentin vun dem Conseil d’administration, der Madamm Véronique Schaber iwerreecht.

Agelueden waren d’Elteren, d’Representanten vun der Chambre du Commerce, der Chambre des Salariés, der Chambre des Métiers, souwéi sämtlechen Associatiounen vun der Schoul.

Musikalesch Begleedung gouf et vum « Ensemble de Percussion » vum Conservatoire de la Ville de Luxembourg ënner der Direktioun vun der Madamm Netty Glesener.

Mir wënschen eise Schüler alles Guddes a ganz vill Succès an hirer weiderer Carrière.