Planung ERASMUS+

Fir den nächsten ERASMUS+ Projet ze plangen, hate mir vun e Méindeg bis e Mëttwoch 4 Enseignant’e vun eiser Partnerschoul, der “Carl Benz Schule Koblenz”bei äis op Besuch. Niewebäi kruten d’Enseignant’en een Abléck an äis Atelier’en, an hu vun engem “Job Shadowing” profitéiert.

 20 Schüler aus Däitschland, souwéi 12 Schüler aus Lëtzebuerg wäerten am Mäi un engem gemeinsame Schüleraustausch hei zu Lëtzebuerg deelhuelen.

Mir fërderen heimat sozial, kulturell, sproochlech (Englesch, Däitsch, Lëtzebuergesch) an technesch Kompetenzen.

Sidd gespaant! Mir wäerten Iech iwwert dësen interessante Projet um Lafenden halen!

E Grousse Merci un äis Kolleege vu Koblenz, mir freeën ons ob dësen interessanten Austausch!