MINT: Besuch aus Finnland bei eis am Lycée!
![](https://lpem.lu/wp-content/uploads/2024/02/IMG_0809-990x500.jpeg)
Den 18. Dezember 2023 krute mir Besuch vum Dr. Krystof Fenyvesi, vun Experience Workshop aus Finnland. Hien huet eise 6ieme d’Méiglechkeet gin, en eegene Fussball – Roboter mat Hëllef vu 4D Frame ze bauen, an herno esouguer e Match domadder ze spillen.
Niewebäi konnten mir him eise MINT Projet an der Schoul virstellen an iwwert weider Méiglechkeete fir d’Zukunft diskutéieren.