Back to the roots: Lëtzebuerger Stolindustrie am FerroForum

Den 02.02.2024 hunn eis Mechaniker vun der 4TPMG de FerroForum zu Esch besicht.

Equipéiert matt hiren eegene Formen aus dem 3D-Drucker, sinn eis Schüler am FerroForum empfaange ginn.

No enger Introductioun vum Site an engem Iwwerbléck vum Stellewäert vun der Lëtzebuerger  Stolindustrie, konnten esouwuel Schüler ewéi och Enseignanten hier éischt Erfarungen mam Sandformen maachen.

Mir hu vill geleiert, an hunn ewéi esou oft misse feststellen, dat eis Theorie aus dem Schoulunterrecht Hand an Hand matt enger praktescher Ëmsetzung muss begleet ginn.

Eis Schüler ware matt ganz vill Äifer a Spaass bei der Aarbecht an hunn net opgehal, bis hier Sandformen perfekt waren.

Zäitgläich huet dei erfahren Equipe vum FerroForum den Heichuewen schichtweis präparéiert vir spéider kennen eis Sandformen ze géissen.

Géint Mëtteg gouf da gegrillt a mir konnte géint 15:00 en erfolgereischen Dag ofschléissen.

Mir soen der Equipe vum FerroForum villmools Merci a freeën eis schonn op déi nächst Visitt vun eise Klassen.