LASEL Volleyball Championnat

Beim Lasel Volleyball Championnat war den LPEM mat enger klenger Equipe a mat groussem Asaz vertrueden.

  • Gespillt gouf am Athenée
  • Insgesamt waren 20 Equippe vu verschiddene Schoulen ugemellt
  • Et hu ronn 200 Schüler deelgeholl
  • An all Equipe hunn op mannst ëmmer missen 2 Meedercher um Terrain stoen, wat fir eise Lycée net einfach ze realiséieren ass 😉
  • De Niveau war relativ héich, well och lizenzéiert Spiller*inne matspille konnten (praktesch all Lëtzebuerger Kaderspiller*inne waren am Asaz fir hier Schoulen)

Fir eis war et eng flott Erfarung a jidderengem huet et mega Spaass gemaach.

En grousse Merci un eis Schüler!