Mir sin eng Fairtrade Schoul!

Et ass am Kader vum Projet Fairtrade Schoul, un deem eise Lycée deelhëlt an déi Jonk fir de fairen Handel an domadder fir eng méi gerecht a solidaresch Gesellschaft sensibiliséiert, datt de LPEM ee Moieskaffi fairtrade fir de Cycle Inférieur organiséiert. Dëst ass fir eis Schoulgemeinschaft eng ideal Geleeënheet, eis fir de gudden Zweck anzesetzen an zugläich och zesummen ee flotten Ament ze verbréngen, wou mir d’Produkter aus dem fairen Handel entdecken.

Dëse Moieskaffi gëtt de Schüler*innen offréiert. Esou wëll den LPEM si am Ufank vum Schouljoer motivéieren, sech gesond ze ernieren, u sech an un déi aner ze denken, an eng Schoulgemeinschaft ze bilden, an där si sech wuelfillen.

Wou: An eisem Restaurant Scolaire

Wéini: Mëttwoch, den 9. November vun 8:15 bis 9:50