Kamelleschmelz

D’lescht Joer em Ouschteren hunn mir den Projet “Kamelleschmelz” mat der Kënschtlerin Trixi Weis an Zesummenaarbecht mam Paul Wurth gestart. Den Paul Wurth huet hei den initialen Modell entwéckelt gehat.

Duerch déi gutt a vill ! Aarbecht vum Gilles Hendrickx, Fernand Gengler, Dan Thill, Dan Marques a Chris Kaufmann si mir haut sou weit, dat den Héichuewen (Nee keng Rakéit (: ), de Kippmechanismus an och Stoven (den d’Schüler vun der DP2SC geschweesst hunn) quasi fäerdeg .

De 16.Dezember em 15:30 géifen mir den sougenannten “Blowing-in” vun eisem Héichuewen maachen. Dat heescht, d’Kënschtlerin Trixi Weis kënnt laanscht an mir testen/kachen déi alleréischt Kamellen.

https://trixiweis.com/kasemattentheater-roud-rousen-fir-den-herkul-grun-october-2020/