Grille fir d’Ukrain

De Schülercomité huet zesummen mam Team vun eisem Restaurant Scolaire eng Initiativ gestart fir Spenden fir d’Ukrain ze sammelen.

Eise Kach, Fabrice huet säin BBQ ugefeiert, an du konnt di ganz Communauté Scolaire iwwert d’Mëttesstonn, bei herrlechem Wieder, gemittlech Wurschten a Vegetaresches genéissen.

Zesummen mam Erléis aus dem Verkaf vun de Kuchen konnte mir 2200€ sammelen.

D”Madamm Caroline Theves vun der Caritas Lëtzebuerg huet de Check mat vill Freed entgéint geholl.