Concours: Mathe im Advent

Zäitlech wéinst e puer Coranafäll méi spéit wéi virgesinn, gouf de Schüler aus de Klassen aus der Ënnerstuuf, déi beim digitale Concours „Mathe im Advent“ am beschten ofgeschnidden haten, bei enger klenger Feier een Diplom, eng Medail an eng kleng Schneekegkeet vun der Madamm Martine Berchem, Directrice iwwerreecht. Dobäi gouf alle Participanten fir hiren Asaz felicitéiert an d’Wichtegkeet vun der Mathematik a ville Liewensberäicher ënnerstrach.