FIFA Tournoi op PS5

Op 3 Paystation 5 konnten eis Schüler e Samschden 29.4. vun 9 bis 14 Auer e FIFA Tournoi am Restaurant scolaire spillen.

Et ass 2 géint 2 gespillt gi, dat heescht 4 Manette pro PS5. Fir Iessen, Gedrénks an d’Präisser (Akafsbonge fir e bekannt Elektrogeschäft) huet de Lycée gesuergt.