2TPMG & 2TPMGI: Visitt am Zeeche vun den erneierbaren Energien


Donneschdes, de 04.05 sinn di zwou Klassen 2TPMG & 2TPMGI verschidde Firmen am Zeeche vun den erneierbaren Energie kucke gaangen:
– KioWatt

https://www.kiowatt.lu/fr
Duerch Verwerte vun Holzoffäll a Beem aus der Regioun produzéieren si e groussen Deel vun de Pellets fir de Kierchbierg, ma och fir d’Privatleit. Derniewent versuergen si d’Regioun (Site Roost an Gemeng Bissen) iwwert ee Blockheizkraftwierk mat Wäermt an Elektrizitéit. Eng drëtt Aktivitéit ass d’Kille vun engem Datenzenter a Kooperatioun mat Luxconnect.
Duerch Kombinatioun vun den 3 Aktivitéite kommen si op een Wierkungsgrad vu 95%.

-SOLER

https://www.soler.lu/

Hei krute mir eng Wandenergieanlag, déi eng Leeschtung vu 4,2MW huet, gewisen. An der Wandmille krute mir en interessante Virtrag iwwert Planung, bis zum Opbau, Astandhaltung a Recyclage gehalen.

-SEO

http://seo.lu/fr/

Niewent den Erklärungen, wéi ee Pompspeicherkraftwierk funktionéiert, krute mir eng net alldeeglech a faszinant Féierung an d’Caverne, mat allen Maschinnen déi si hunn.