Eis 7ièmen zu Lëltz um Stau

Am Kontext vun der MINT Themewoch ronderëm d’Waasser, hu mir dëst Joer erëm mat eise 7ièmen en Ausfluch op de Stauséi gemaach.

Vun Mëttwochs bis Freides (19.-21.4.23) haten eis Schüler*innen 3 Deeg voller flotter Erliefnisser

(Kajak/Seegelen/Geocaching/VTT/Schiefermusée) an 2 “erhuelsam” Nuechten an der Jugendherberg.

Zu Marteleng am Schiefermusée konnt jiddereen eng Lee selwer schneiden an en Unhänger aus Schiefer schläifen.

Owes um Lagerfeier hu mer Marshmallows gegrillt oder am Openthaltsraum zesumme Werwollef gespillt.

Um Lagerfeier

Um Mountainbike

Honger!!! 🙂

Beim Geocaching

Zu Marteleng am Schiefer Musée