Eis 6G Klassen op Visite beim L’essentiel

Am Kader vun der “semaine des langues”, di mir am cycle inférieur (7G, 6G a 5G) organiséieren, konnten eis Schüler vun de 6G Klassen, zesumme mat hire Professeren, d’Zeitung  L’essentiel zu Déifferdeng besichen.

D’semaine des langues ass fir eis Schüler eng Geleeënheet op eng lieweg a spilleresch Aart a Weis, d’Diversitéit an d’Wichtegkeet vun de Sproochen ze entdecken.

Wärend dem Besuch am 1535° Creative Hub zu Déifferdeng, wou d’Zeitung L’essentiel hir Redaktioun huet, haten eis Schüler eng flott Méiglechkeet, de Journaliste bei hirer Aarbecht iwwer d’Schëller ze kucken. Si konnten de ganze Prozess vum Neiegkeete maache live mat erliewen, ugefaang vun der Recherche iwwer d’Schreiwen bis zur Gestaltung vun der Une. Duerch dës Erfarung hunn d’Schüler net nëmmen de Beruff vum Journalist mei no bruet kritt, mä och d’Bedeitung vu Medien an Neiegkeeten an eiser Gesellschaft.

Wärend hirem Besuch haten d’Schüler och d’Méiglechkeet, Froen un d’Journalisten ze stellen a méi iwwer hir Aarbecht, hir Erfarungen an d’Erausfuerderungen am Journalismus gewuer ze ginn.

Zum Schluss konnten d’Schüler esou guer nach am Studio vum L’essentiel Radio dobäi sinn a live materliewen, wei eng Radiossendung gemaach gëtt.