De Science Mobil am LPEM

D’Klassen vum Cycle inférieur konnten des Woch am Science Mobil, Äntwerten op vill Froen zum Thema Evolutioun kréien.

Riseg Vilfalt! Abléck an d’Evolutioun!

    • Firwat gesi mir all anescht aus?   

    • Firwat ginn et esou vill verschidde Liewewiesen op der Äerd?

    • Wéi behalen d’Wëssenschaftler den Iwwerbléck bei all deene verschiddene Liewewiesen déi et gëtt?

    • Wéi eng Tricke benotzen Déiere fir gutt an hirem Liewensraum eens ze ginn?

    • Kënnen 2 Liewewiesen sech gläichen ouni direkt matenee Famill ze sinn?

    • Wéi huet de Virfar vun alle Véierbeener ausgesinn?

Eis Schüler (a mir selwer!) ware begeeschtert!