Caritas: Hellef fir d’Äerdbiewenopfer

Fir den Opfer vum schrecklechen Äerdbiewen (6.2.2023) an der Tierkei a Syrien ze hëllefen, hate mir als Schoulgemeinschaft direkt eng Spendeninitiativ gestart.

2667,30€ sin zesumme komm beim Verkaf vun ausgedéngten iPads an dem Erléis aus engem vun eisem Schülerkommitee a Sepas organiséierte Barbecue.

D’Mme Caroline Theves vun der Caritas krut de Cheque iwwerreecht.

E grousse Merci och un d’Team vun eisem Restaurant scolaire, fir hier perfekt Aarbecht um Grill!