Baking Battle

Moien dir léif Schüler vum LPEM,

Mir wollten Iech alleguerten en “groussen stay home” MERCI soen.
Dir hutt iech esou zahlreich op de Wee vun dësem Baking Concours gemaach wou dir esou onendlech kreativ dess Challenge ugaangen sidd.
Et huet Iech näischt dovun ofgehalen fir dësem Event är perséinlech Noute bäizedroen. Dir hutt ons ganz professionell déi verschidden Etappen vun Ärem wonnerbaren Kuch, ass et iwert e klengen Film oder Fotoen mat oder ouni Musek, matgedeelt.
Dir hutt ons begeeschtert mat ären Konschtwierker déi dir do aus eegener Hand en Scène gesat hudd.
Dat ass alles esou gudd wat dir do gemaat hutt esou dass mir ons bewosst dozou decidéiert hunn, net een Präis … net zwee Präisser … nee mä souguer 5 Gewënner Präiser iech ze ginn … well dir et Wäert sidd.
Merci dass dir mat Freed, Häerz an Gedold iech op dës Aventure agelooss hudd, mir sinn all Gewënner an dësen Zäiten wou den Benevolat groussgeschriwwen gëtt.

And the winners are:

  1. Chocolate Flower Pot
  2. PacMan Cake
  3. Osterhasen Kuchen
  4. Snake Kuchen
  5. Der Regenbogen Kuchen

Een groussen groussen Merci.
Bleift all gesond! Bis deemnächst!