Visite vum Här Minister Claude Meisch

Méindes, den 20.2.2023 huet den Här Minister Claude Meisch eise Lycée besicht. Dat aus guddem Grond; den Här Meisch huet e groussen Interessi un eise Projete MINT a SMART TECHNOLOGIES.

Bei senger Visitt krut den Här Meisch eise Makerspace gewisen, wou eis Schüler*innen him verschidden Aarbechte präsentéiert hunn, un deenen si mat Begeeschterung schaffen, z.B. en digitale Waasserfräsch den Alarm bei Héichwaasser gëtt.

Duerno hunn d’Schüler vun der 2TPST dem Här Meisch d’SMART TECHNOLOGIES virgestallt. Si haten zesumme mat gleichaltrege Kolleeg*innen vun der Carl-Benz-Schule vu Koblenz, bei engem Erasmus+ Austausch, zwee interessant Projete mat kënstlecher Intelligenz kreéiert: en Modellauto de selbstänneg enger schwaarzer Linn um Buedem nofuere kann, an eng Zortéiermaschinn di selbststänneg Kamellen de Faarwen no triéiert.

Den Här Minister huet eise Schüler*innen vill Froe gestallt an (di meescht😃) och beäntwert krit.

An eisem Makerspace
An eisem MINT Atelier
Bei der Programmatioun vum digitale “Waasserfräsch”
Am Atelier vun de Smart Technologies
Den “intelligente” Modellauto
Di “intelligent” Zortéiermaschinn

Äddi Här Meisch a Merci fir Är Visitt!