Studierees DP3MM

Nodeems all d’Module vun hirer Ausbildung ofgeschloss waren, hunn d’Schüler vun der DP3MM d’Joer mat enger klenger Studierees auskléngen gelooss.

Freides den 20. Mee ass mat enger interessanter Visitt bei engem vun deene gréissten Hiersteller vun Semi-Remorquen, der Firma Faymonville vun Lentzweiler, gestart ginn.

D’Schüler hunn vum Produktiounschef all eenzel Etapp, vun der Schweesskonstruktioun, iwwert d’Lackéierung bis zur Endmontage, gewisen an erkläert kritt.

No engem Picknick, den vun der Elterevereenegung gestëft ginn ass, stoung Mëttes de War Museum vun Baaschtnech um Programm. Déi beandrockend Installatiounen, Biller an Geschichten hunn esou muncher een ganz nodenklech gestëmmt.

Den Dag ass mat enger Visitt vun der Heischter Brauerei an engem Owesiessen am Bistro Leo zou Baaschtnech op en Enn gaangen.

No enger erhuelsamer Nuecht am Hotel Melba zou Baaschtnech ass et dunn Samschdes op Spa Francorchamps, op den berühmten Circuit an den Ardennen gaangen.

Hei hunn d’Schüler, bei schéinstem Wieder, passionanten Motorsport op der Piste bei de Spa Classics erlieft.

Awer och nieft der Rennstreck konnt een am Fuererlager an an de Boxegaassen erliewen wei d’Rennmecanicien un deenen alen Maschinnen schrauwen.

Sécherlech war den een oder aneren erstaunt, wat en hei un raren an wäertvollen Autoen ze gesinn kritt huet. Awer och déi ganz technesch Infrastrukturen hunn eis technikbegeeschterter Schüler beandrockt!

Elo steet nach déi lescht Etapp um Programm vun eiser Ofschlossklass DP3MM, de Projet Intégré Final (PIF)

Mir wënschen hinnen all Bonne Chance fir déi Epreuve an alles Guddes fir hiren Astig an d‘Beruffswelt.