Studierees 1TPMG / 1TPMGI op Bréissel, Rotterdam an Den Haag

Nodeems eis Schüler vun der 1TPMG an der 1TPMGI, an der Woch nach an den Epreuven vum Projet Intégré Final (PIF) engagéiert waren, konnte se de Weekend dann awer erëm e bëssen op hirer Studierees entspanen.

Samschdes, den 10. Juni, sinn mir mat hinnen an Richtung Bréissel gestart.

Ziel war de Parc du Cinquantenaire, wou Visitten vum « Autoworld » Musee an vum « Musée Royal de l’Armée » um Programm stoungen.

Hei konnten d’Schüler interessant Oldtimer an beandrockend Fligeren bewonneren.

An der Mëttesstonn war de Foodmarket vun der Gare Maritime ugesot, wou mir an enger relaxer Atmosphär Eppes giess hunn.

Een vun den touristeschen Highlights vun Bréissel ass sécherlech den Atomium.

Dëst Bauwierk, dat fir d’Expo 1958 gebaut ginn ass, representéiert e kubisch-raumzentréiert Kristalgitter vun engem Atom, an ass souwuel vun baussen wie och vun bannen spektakulär.

Nodeems mir am Hotel Ibis Brussels Centre Chatelain agecheckt haten, sinn mir an den Zentrum vun Bréissel gaangen, wou ënner anerem d’Grande Place, de Manneken Piss an di schéin Bréisseler Bistroen an Restauranten um Programm waren.

Sonndes sinn mir dunn weider an Richtung Holland, mat Ziel Den Haag, gefuer.

Zou Rotterdam war awer eicht nach en Halt fir eng Ronnfaart am gréissten Hafen vun Europa virgesinn.

Nom Anchecken am Hotel Ibis Den Haag-City-Centre ass den Dag um Strand vun Scheveningen an um Grote Markt zou Den Haag auskléngen gelooss ginn.

Méindes war dunn leider schonn erëm d’Heemrees ugesot.

Awer den Dag stoung och nach den Highlight vun der Studierees, d’Visitt vun Audi Brussels, um Programm.

Hei ginn an enger top moderner Fabrick, quasi a Form vun enger Manufaktur, Audi Q8 e-tron produzéiert.

Nodeems mir den Historik vum Bréisseler Wierk erkläert kritt hunn, sinn eis déi eenzel Etappen vun der Produktioun, bis zum fäerdegen Auto, gewisen ginn.

Uschléissend ass et dunn definitiv erëm zeréck op Lëtzebuerg gaangen.