ORIKA! Zu Besuch an eisem MINT Lycée.

An de leschten 3 Wochen hate mir bei eis am Emile Metz, ‘wibbelegen’ Besuch aus ënnerschiddleche Grondschoulen.

D’Schüler*innen aus dem Cycle 4.2 kruten dobäi am Kader vum Projet ORIKA, de Lycée gewisen an erkläert wat eng MINT Schoul auszeechent.

Si hunn an de Sciences Naturelles ënnert dem Mikroskop ‘Diamanten’ an Zelle gekuckt.

Am Atelier MintLab konnten si hier Fangerfäerdegkeet bei enger flotter Léitübung ënner Beweis stellen an en USB Kreschtstär zesumme léiden.

D’Begeeschterung war grouss!