ORIKA – Informatik- & Mammendags Workshop

De Cycle 4.1 aus der Ecole fondamentale vun Eech war de Freideg Moie bei eis op Besuch fir eis Schoul am Kader vum Orika kennenzeléieren.

Mir hunn si am Makerspace empfaangen an hinne flott Projete gewisen déi eis Schüler do zesummebauen.

No engem Kahoot Quiz mat Froen zur Wëssenschaft ass et un d Programméiere vun engem mechanesche Computer gaangen, deen d Meedercher an d Jonge spilleresch kennegeléiert hunn.

An eisem Restaurant scolaire gouf et duerno eng kleng Stäerkung. Zum Schluss hunn mir an eisem MINT Labo ee flotte Cadeau fir Mammendag zesummegebaut.

 

De Schüler (an der Joffer 😉) huet et gutt gefall.

[html5_video id=25345]