Nei an eisem Restaurant scolaire! Vegetaresch Menüer!

Iess mindestens emol d’Woch vegetaresch, de Planéit seet Merci!

Se si gesond a schmaachen herrlech, eisem Kach Fabrice seng nei, vegetaresch Kreatiounen.

Lescht Woch, e Freiden ass et lass gaange: Nuddelen mat knackeg, frëschem Geméis a Quorn. (Quorn schmaacht ewéi Geschnëtzeltes, ass awer vegetaresch a gëtt aus Champignone gemaach.)

All Woch kennt en neie vegetaresche Plat derbäi, probéier se aus, maach eppes fir de Planéit…a fir deng Gesondheet.