Lutzhausen: Aktivitéiten an a ronderëm d’Waasser.
![](https://lpem.lu/wp-content/uploads/2022/04/20220420_100119-scaled-990x500.jpg)
Am Kader vun de MINT Themendeeg ronderëm d’Waasser, hunn eis 7ièmen e Voyage éducatif op d’Base Nautique um Stauséi gemaach, mat enger Iwwernuechtung an der Jugendherberg.
Niewent 2 Waasseraktivitéiten, Kayak a Seegelen, konnten eis Schüler Geocaching an Mountainbike maachen. Dobäi hunn si vill nei Technike geléiert an haten als Klass zesumme vill Spaass.