LPEM Asteroid Day 2019 mam Astronaut Michel Tognini

Prominenten Besuch am LPEM; den Här Michel Tognini huet eis Schoul am Kader vum Asteroid Day 2019 besicht. Hien huet ganz anschaulech iwwert seng Experienzen am Weltraum erzielt. Dobäi huet hien vill Anekdoten an perséinlech Erfarungen afléisse gelooss.
Dono konnten eis Schüler Froen Stellen; dat hunn si mat groussem Interessi an Begeeschterung gemaach.
Den Asteroid Day 2019 war awer och eng Geleeënheet den Schüler déi lëtzebuergesch Aktivitéiten am Weltraum virzestellen.
An deem Kader huet d’Madame Anja Hessé vum Ministère de l’Éducation nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse, Service de la formation professionnelle (SFP) eisen Schüler eng flott Introduktioun iwwert Asteroiden ginn.
Dono huet d’Madame Miet Kenis een Virtrag iwwert Spacemining gehalen.
Am Uschloss huet den Här Jaroslaw vun der Firma “Made In Space Europe” iwwert hier Experienzen mat 3D Drock op der Internationaler Raumstatioun (ISS) beriicht.
Den Här van Orschot vun der Firma “Maana Electric” huet iwwert d’Hierstellung vun Solarzellen am Weltraum an um Mound erzielt.
No den Virträg sinn nach 2 Klassen an den Cercle Cité gefuer fir beim AD Broadcast live deelzehuelen.

Mat enger Mëtsch an engem Gedrénks huet dësen Dag een flotten Ofschloss fonnt.