Lo ass et offiziell: Mir sinn eng Fairtrade Schoul!

E Freiden, 13.05.2022 huet d’Madamm Silvia Monteiro vun Fairtrade Lëtzebuerg eisem Lycée den Zertifikat -Fairtrade School- iwwerreecht.

Duerch des Initiativ, bei der di ganz Schoulcommunautéit matmëscht, sollen eis Schüler fir d’Themen vum gerechten Handel sensibiliséiert gi.

Bei engem Éierewäin a Walking Dinner hu mir zesummen mat eisen Éieregäscht a Schüler dëst Evenement gefeiert.