Journée Découverte 2022…wat machen ech no der 5ième?
En Dënschden, 20.12.22 kruten d’Schüler*inne vun eise 6e a 5e d’Méiglechkeet, mi genau hanner d’Kulisse vun hirem Lycée ze kucken. Besonnesch op der 5e ass d’Orientatioun esou wichteg, dass eis Direktioun an Zesummenaarbecht mat der Cellule d’Orientatioun, eng Journée Découverte organiséiert huet. Iwwert de ganzen Dag konnten di jonk Schüler*innen an den Atelieren a Klassesäll sech d’Ausbildung vun de mi ale Schüler*innen erklären a weise loossen.
Vill Froe konnten doduerch beäntwert gin!
Menuisier-ébéniste

Constructeur métallique

Électronicien en énergie

Technicien en ‘Smart Technologies’

Technique générale – Ingénierie

Technicien en mécanique d’avions

Mécanicien d’usinage

Technicien en informatique + Technique générale – Informatique

Technicien en mécanique générale

Mécanicien industriel et de maintenance

Am spéiden Nomëtte haten och d’Eltere vun eise Schüler*innen d’Geleeënheet en Abléck an eis Atelieren a Klassesäll ze kréien.










