Den LPEM op der Foire Agricole 2022
![](https://lpem.lu/wp-content/uploads/2022/07/20220701_091616-scaled-990x500.jpg)
Vu Freides, 1.7. bis Sonndes 3.7. war de LPEM mat engem fantastesche Stand op der Foire agricole vertrueden. Mir haten e ganz grousse Succès, wat secher un dene flotte Workshops louch, di mer fir Schoulklassen a Famillen ugebueden hunn. Bei eis konnten d’Kanner Platinne léiden, Schwéngercher (passend zur Foire Agricole) zesummebastelen a Lego programméieren.
Als MINT-Schoul beméiht sech den Lycée Emile Metz, grad fir jonk Schüler, am MINTLAB théoretesch Kenntnisser mat praktescher Experimentatioun attraktiv ze verbannen!