EU-Rallye an der Stad

Kierzlech hunn eis Juniorbotschafter zesumme mat aneren EPAS-Schoulen an iwwer 200 Schüler um EU-Rallye an der Stad deelgeholl. EPAS steet fir “European Parliament Ambassador School”, e Label deen eise Lycée säit 2018 dréit.

De Motto vum Rallye stoung ganz am Zeechen vun der Demokratie. Vill flott Atelieren, Spiller a Quizze sinn ronderëm dëst Thema tëschent dem Pafendall (Départ an Arrivée bei der Jugendherberge), der Uewer- an der Ënnerstad an dem Kierchbierg ugebuede ginn. Vill Spaass, awer och vill Getrëppels mat munchen Héichtemeter no uewen an no ënne stoungen deemno um Programm.

Munch reflektiv Usätz, Erfarungen an Inspiratioune konnten eis Schüler zesumme mat de Juniorbotschafter aus den aneren EPAS-Schoulen ronderëm d’Thema vun der Demokratie sammelen – dat wärend den Aktivitéiten, awer och wärend dem Austausch tëschenduerch.

Ganz houfreg si mir als Schoul, datt d’Equipe mat eise Schüler an der Schlußofrechnung den éischte Präis gewonnen huet.