Eramus+ Woch đŸ‡©đŸ‡Ș

D’Woch vum 26. November bis den 2. Dezember war eisen Erasmus+ Projet mat der Partnerschoul “Carl Benz Schule Koblenz”.  D’Zil vum Projet war et een Intelligenten Auto mat HĂ«llef KĂ«nstlecher Intelligenz zesummebauen. An dĂ«ser Race Challenge geet et drĂ«m de sĂ©iersten an originellsten Auto um Track ze sinn.

No enger klenger Introduktioun iwwert KI a Machine Learning, an der ErklĂ€rung zu dem Material, dat fir de Projet gebraucht gĂ«tt (Husky Lens, ESP8266 Motordriweren) ass et lass gaangen. An den internationalen Teams hunn d’SchĂŒler sech an d’MatiĂšre era geschafft, a sech mat de Baudeeler familiarisĂ©iert an Ă©ischt Assemblagen gemaach.

Schonn um 2. Dag hunn d’SchĂŒler ugefaange mam 3D-DrĂ©cker hire Chassis ze drĂ©cken an hir Ă©ischt Prototyppe fuere schonn iwwer d’Teststreck an duerno och op der Kartstreck.

Nieft flotten Excursioune, wĂ©i en Tour iwwer de Christmas Market zu Koblenz, eng Visitt vum NĂŒrnburgring a vum Ringwerksmuseum, hunn d’SchĂŒler och en Tour mam SchĂ«ff iwwer de RhĂ€in Ă«nnerholl, wou si vill iwwer d’Geschicht vun der Festung gelĂ©iert hunn.

De leschten Owend war jiddereen zesumme mat dem Funiculaire erof op Koblenz fir de Closing Dinner.

Um Enn war de séiersten Auto mat enger RekordzÀit vun 32 Sekonnen iwwer de Parcours gerannt! All Grupp huet hire Projet an enger PrÀsentatioun viru ronn 40 Leit virgestallt.

Mir gratulĂ©ieren de SchĂŒler fir hier besonnesch gutt Leeschtung am Opbau a ProgrammĂ©ierung vun hirem Auto, awer besonnesch och fir hier TeamfĂ€egkeet an HĂ«llefsbereetschaft!  Duerch den Erasmus+ Projet hunn d’SchĂŒler konnten technesch, sozial, kulturell a sproochlech Kompetenze gewannen an de Projet war een absolutten Erfolleg!