Éischt-Hëllefs-Cours: Bravo fir di jonk Secouristen!

12 Schüler vun der 5G hunn dëst Joer den Éischt-Hëllefs-Cours gemaach.

Bei der Diplomiwwerreechung huet eis Directrice, d’Madame Martine Berchem, de Schüler gratuléiert an hinne Merci gesot fir hiren Asaz. Och d’Madame Dorothée Schneider vun der Croix Rouge, huet dorop higewisen, wéi wichteg et ass, am Noutfall ze wëssen, wat ze maachen ass fir Liewen ze retten. Vun der Madame Pascale Hoffmann, der Instructrice vum Cours, kruten eis Jonge vill Luef. Si waren anscheinend eng vun de beschte Klassen déi si an hirer laanger Carrière jee hat!

Bravo un di neigebake Secouristen!