Eis DP1MG2 op Visitt zu Rëmeleng am Musée National des Mines

Als Ofschloss vum Schouljoer hu mir mat eise Schüler vun der DP1MG2 eng Visitt op Rëmeleng an de Musée National des Mines gemaach. Eise Guide, den Här Georges Pütz, huet eis um Tour duerch d’Galerië vun der Minn “Walert”, déi vun 1891 bis 1963 a Betrib war, op eng ganz kompetent an intressant Aart a Weis den ustrengenden Alldag vum Minnenaarbechter gewisen, deen, zum Deel ënner liewensgeféierleche Konditiounen, zum Wuelstand vun eisem Land duerch d’Eisenindustrie bäigedroen huet. 70 Meter ënner dem Buedem hu mir eng ganz Rei vu Maschinne gesinn an divers Techniken erkläert kritt, déi fir den Ofbau vun der Minett an den Asaz koumen.