D‘Bridder Tom a Joé Jaas schwamme fir den LPEM 👍🏻

Um 2. Februar war den LPEM mat zwee Athleten op de nationale Schwammchampionnater vun der LASEL vertrueden.

Déi zwéi Bridder Joé a Tom Jaas hunn an der Piscine um Campus Geesseknäppchen gutt Leeschtunge gewisen. Si hunn allen zwéin un 3 Coursen an der Kategorie vun de Junioren Deel geholl an eng Rei Podiumsplazen eraus geholl. Leider war op t’mannst ëmmer ee Konkurrent méi schnell.

Merci un di 2 Bridder! Si hunn eise Lycée fantastesch representéiert.

Resultater:

50m nage libre

1. KEMP Finn Sportlycée Luxembourg 24.57
4. JAAS Tom LPEM 26.01
7. JAAS Joé LPEM 27.15

100m Réck

1. CALMES Nicolas Lycée Michel Rodange 1 :02.97
2. JAAS Joé LPEM 1 :08.34

100m Papillon

1. PEUSCH Kevin Sportlycée Luxembourg 1:02.11
3. JAAS Tom LPEM 1:04.01

100m nage libre

1. DURACOVIC Tarik Lycée Technique Bonnevoie 0 :54.56
3. JAAS Tom LPEM 0 :58.76
5. JAAS Joé LPEM 1 :00.83