Besuch aus der Carl Benz Schoul vu Koblenz

Am Kader vum Austauschprogramm ERASMUS+ war et eis eng Freed vum 11. bis zum 13. Oktober 2022 en Team vun 3 Enseignantë aus eiser Partnerschoul, der „Carl Benz Schule“ vu Koblenz, konnten z’ëmfänken. No 3 Deeg intensivem Austausch um Gebitt vun der KI an am Zesummenhang mat eiser Ausbildung vum Technicien „Smart Technologies“ freeë mir eis ob de Besuch an der Woch vum 14. bis den 18. November 2022 vun 12 Austauschschüler aus der „Carl Benz Schule“. Dësen Austausch mat Schüler an de pädagogeschen a rekreative Programm dozou konnte gutt virbereed ginn.