Bastogne War Museum: Geschicht, hautno!

En Ausfluch op de Spuere vun der Ardenneschluecht hunn d’Klassen 5G1 an 5G2 de 15. Juni zesumme mat hire Proffe gemaach. Mir sinn op Bastogne an den “War Museum” gaange wou mir vill interessant Muséesstécker – Original wéi och Replicken – gesinn hunn. Mir sinn op d’Weeër vum Exil zeréckversat gi wou mir eis mat reellen Zeienaussoen an di Stëmmung nei eraversetze konnten. En Ausfluch wou d’Fach Geschicht ganz besonnesch am Vierdergrond war: Digital a multimedial hu mir den Zweete Weltkrich virgestallt kritt. Eng flott a léierräich Erënnerung.