2TPMGI: theory meets practice!

Den 13. Januar hate mir mat eiser Klass 2TPMGI d’Méiglechkeet d’Usine-École am CNFPC um Belval ze besichen. Hei konnten d’Schüler hiert theoretescht Wëssen an d’Praxis un enger industrieller Anlag ëmsetzen.

Duerno krute mir vum Fonds Belval eng immens flott Visitt vum Site um Belval selwer. Um Programm stoungen déi eenzel architektonesch Gebaier, souwéi d’Visitt vun enger vun de schéinste Bibliothéiken hei am Land an och den Héichuewe selwer.