2TPMG: Visitt am Centre National de Formation Professionnelle Continue

Am Kader vun eiser Visitt, hunn d’Schüler vun der 2TPMG am CNFPC op enger klenger Produktiounsanlag

(„usine école“) geschafft.

Hier Aufgab war et, d’Anlag mat Hëllef vun der Dokumentatioun a Betrib ze huelen, esou ewéi verschidden elektresch a mechanesch Anlagendeeler ze iwwerpréiwen, ze moossen oder nozerechnen.

Sie konnten dobäi hiert Wëssen aus den ënnerschiddlechen Fächer testen an an der Praxis applizéieren.