Kamelleschmelz: “Blowing-In”

De 16.12.2021 war et esou weit, d’Kënschtlerin Trixi Weis ass an de Lycée komm fir de “Héichuewen ” unzestiëchen.

Zur Erënnerung: D’Madamm Weis huet fir d’Kulturjoer, Esch2022 e Projet lancéiert, den esouwuel al wéi jonk wäert begeeschteren:

En Héichuewen de zockerséiss Kamelle mëscht. Sou vill däerf verrode gi…et richt herrlech.

D’Zesummenaarbecht vun eise Konstruktiounsschlesser, Mechaniker an Ingenieuren war e Succès.