Wantermaart am Emile Metz
Bei Käschten, Panescher, waarme Schocki, live Chrëschtmusek, Spiller a kreative Workshoppe konnt di ganz Schoulcommunautéit leschte Freiden e flotten a besënnlechen Nomëtte verbréngen. En Highlight vun Dag war d’Präisverdeelung vum Concours “DIERENDEKORATIOUN” bei dem all Klass eng Dier zougewise krit hat, déi si am Thema vum Wanter an de Feierdeeg verschéinere konnt.