Visitt vun der Klass 1TPMG bei der Firma REIFF zu Ëlwen

Eis 1TPMG hat d’Méiglechkeet, eng spannend a léierräich Visitt bei der renomméierter Firma REIFF zu Ëlwen (Troisvierges) ze maachen. Begréisst goufe mir vum Seniorchef Josy REIFF, deen eis mat vill Häerzblutt seng Firma an déi beandrockend Oldtimer-Trakter-Sammlung gewisen huet.

Als éischt stoung déi eenzegaarteg Sammlung vun iwwer 250 Oldtimer-Trakteren um Programm. Vun einfache motoriséierte Méimaschinne bis bei de legendären „Nasenbär“ Favorit 626 LS aus dem Joer 1985 war alles dobäi. D’Passioun vum Här Reiff fir Landwirtschaft a Maschinne war an all Detail ze spieren.

Nieft dëser Sammlung bedreift d’Firma REIFF ënner anerem e professionellt Verléin-Service  dat mat 80 Trakteren, 8 Mädrescher an 8 Häckseler an engem Radius vun iwwer 300 Kilometer aktiv ass. Si bidden Déngschter vum Ubau bis zur Ernt fir verschidde Kulturen – dorënner Gras, Weess, Mais, Gromperen a Rommelen.
Duerno gouf d’Visitt am firmeninternen Atelier fortgesat. Den Atelier ass mat modernster Diagnos- a Reparaturtechnologie equipéiert fir effizient Interventiounen un Trakteren an aner landwirtschaftleche Gefierer duerchzeféieren – och mat mobillen Ekippen direkt um Terrain. Als offizielle Fendt-Servicepunkt fir de Norde vu Lëtzebuerg huet d’Entreprise sech op den Ënnerhalt, d’Feelerdiagnos an d’fachgerecht Reparatur vu Fendt-Traktere spezialiséiert. Duerno goung et an hiert grousst Lager mat Original-Deeler, Schmierstoffer a Geschier.

Zum Schluss hu mir d’Lagerhalen ze gesi kritt, wou Gromperen aus dem firmeeegene landwirtschaftleche Betrib gelagert ginn. Am Kader vun enger Kooperatioun mat der Firma Nicolay ginn dës op enger Fläch vu 400 Hektar ugebaut – eng logistesch an agrartechnesch Erausfuerderung.
D’Klass war begeeschtert vun dëser gelongener Mëschung aus traditioneller Leidenschaft an zäitgeméisser Technologie a konnt vill interessant Ablécker mat heem huelen.

Merci dem Felix Leunessen 1TPMG den des Visitt spontan organiséiert huet.