Um Schwammchampionnat vun der LASEL: E super Resultat fir den LPEM

En Donneschde 6. Februar war den LPEM mam Joé Jaas (DP3EB), Liam Wester (6G2) an Emma Kerschen (7G1) um Schwammchampionnat vun der LASEL vertrueden. Wärend t’Emma an de Liam nach éischt Erfarunge gesammelt hunn, huet de Joé ofgeraumt. Hien huet a sengen 3 Coursen de Championstitel an der Kategorie Senior gewonnen: 50m Freestyle, 100m Backstrocke an 100m Freestyle.