Studierees vun der 2TPSTC op Köln

Eis spannend Studierees (1. an 2. Juli 2025) huet den Dënschdeg de Moien ugefaangen. Mat engem komfortabele Bus vum Demy Schandeler si mir a Richtung Köln gefuer an hu fir d’éischt e flotten, ganz waarmen Dag am Phantasialand zu Brühl verbruecht – voller Spaass an Aventuren. Duerno goung et op Köln an an eist Hotel, wou mir eis e bëssi ofgekillt hunn, ier mir den Owend mat enger Partie Bowling ausklénge gelooss hunn.

Den nächsten Dag stoung Technik a Kultur um Programm: Mir hu moies d’Ford-Wierk besicht an e spannenden Abléck an d’Automobilproduktioun kritt. Duerno hu mir nomëttes d’Stad Köln entdeckt – mat engem Besuch am imposante Kölner Dom, engem Spadséiergang um Rheinufer. Mat villen schéine Momenter am Gepäck si mir zeréck op Lëtzebuerg gefuer.