Studierees DP3MF / DP3MM / DP3SC op Hamburg.

Eis Schüler vun de Klassen DP3MF, DP3MM an DP3SC sinn an hirem leschte Joer vun hirer Ausbildung op eng interessant Studierees mat Destinatioun Hamburg gaangen. Um Programm stoung eng flott Mëschung aus Visitte bei Industriebetriber a Muséeën.

Donneschdes de 13. Mäerz ass de Bus um 5 Auer 15 a Richtung Düsseldorf fort gefuer. Déi eicht Statioun vun der Rees war eng Visitt am Mercedes Sprinter Wierk.

D’Schüler konnten hei am Karrosseriebau verfollege wéi déi, bis zou bal 7 m 40 laang, Opbaute vun de Mercedes Sprinter Camionnettë vu Roboteren zesumme geschweesst gi sinn. An der Montage sinn dann déi verschidde Varianten op gebaut ginn.

Uschléissend ass et op Hamburg weider gaangen.

No engem Tour ronderëm d’Binnenalster an enger Visitt vum Zentrum vun Hamburg ass et eng erhuelsam Nuecht am B&B Hotel Hamburg City-Ost ginn. Freides stoung dann den zweete groussen Highlight, eng Visitt bei Airbus zou Hamburg Finkenwerder, um Programm. A ronn 3 Stonnen hunn d’Schüler en Abléck an d’Geschicht vun der Loftfaart zou Hamburg an d’Produktioun vun Airbus Passagéierfligere kritt. Uschléissend ass et zou den Hamburger Landungsbrécke  gaange, wou den alen Hamburger Elbtunnel an d’ Muséesschëff Rickmer Rickmers visitéiert gi sinn.

 

 

 

 

Den Dag ass da bei engem gemittlechen Owesiessen am Gasthaus an der Alster ofgeschloss ginn.

 

De leschten Dag war dunn nach eng Visitt am Miniatur-Wunderland geplangt.

Hei ass et ëmmer erëm beandrockend mat wei enger Léift  déi eenzel Welten detailléiert duergestallt ginn.

No enger roueger Heemrees, ass de Grupp dann erëm Samschdes Owes am Emile Metz ukomm.

En décke Merci un eis Elterevereenegung an eis Direktioun fir hir Ënnerstëtzung!