Studierees 1TPSTC op Heidelberg

Als Ofschloss vun der Ausbildung als Techniker an Smart Technologies waren eis Schüler vun der 1TPSTC op Heidelberg.
Lass goung et Mëttwochmueren zu Dummeldeng firm mat zwee Minibusser op den Hockenheimring ze fueren. Do war eng Visite vun der Rennstreck geplangt. Zum Gléck war keen op der Pist a mer konnten een Tour mat eise klénge Busser iwwert d’Formel 1 Streck maachen. Leider war d’Poleposition net dra mat eisem ganze Gepäck. 🙂
Duerno goung et no enger Stäerkung op Heidelberg an d’Hotel anchecken. Et war waarm, ganz waarm zu Heidelberg, esou dass mer emol op enger Terrass eng kléng Ofkillung gebraucht hunn. No enger Visite vun der Alstad konnten d’Schüler Heidelberg onsécher maachen.
No enger kuerzer Nuecht si mer op Sinsheim an den Technik Museum gefuer. Hei waren d’Concorde an d’U-Boot U17 ee vun den Highlights. Owes war mer zesummen eng Pizza iessen.
Freides war schonn nees d’Heemrees um Programm, knapps aus dem Hotel ware mer schonn op eiser nächster Etapp dem Fritz Walter Stadion zu Kaiserslautern. No enger kompletter Tour vum Stadion mat villen interessanten Anekdoten a Geschichten ass et du wieder op Völklingen gaangen.
D’Völklinger Hütte ass derwäert besicht ze ginn, wann awer méi ewéi 30 Grad si fält déi Visite méi kuerz aus. Duerno si mer nees mat eise praktesche Minibusser heem op Dummeldeng gefuer.
E grousse Merci un eis Elterevereenegung an un d’Direktioun, ouni si hätte mer déi Rees net kënne maachen.
Um Hockenheimring.
An der Alstad zu Heidelberg.
Am Technik Museum zu Sinsheim.
Am Fritz Walter Stadion zu Kaiserslautern.
An der Völklingerhütte.