Studierees 1TPMG / 1TPMGI op Amsterdam.

Et ass scho bal Traditioun dat d’Schüler vun der 1TPMG an der 1TPMGI direkt no hiren Epreuvë vum Projet Intégré Final (PIF), de Weekend d’Schouljoer mat enger flotter Studierees esou richteg ausklénge loossen.
Punkt 6 Auer si mir Samschdes, 7. Juni, a Richtung Rotterdam gestart.
Op enger klenger Croisière ass et duerch de beandrockenden Hafe vu Rotterdam gaangen. Och wann d’Wieder net wierklech mat gespillt huet, war d’Stëmmung gutt an et war sécherlech jiddweree beandrockt vun deene grousse Schëffer.
An der Maarthal vu Rotterdam ass et eng kleng Stäerkung ginn an et goung weider op déi eigentlech Destinatioun, Amsterdam! Nodeems féx am Hotel B&B Amsterdam Zaandam agecheckt gi war, si mir dunn an den Zentrum vun Amsterdam gefuer fir déi schéin an touristesch Stad ze erkunde.
Sonndes si mir op Lelystad a Flevoland gefuer fir do den Aviodrome ze besichtegen. Hei kritt een e flotten Abléck an d‘Geschicht an d‘Entwécklung vun der Loftfaart. Vill schéin Exponate vu Fokker a vun der KLM konnten hei bewonnert ginn.
Nomëttes war dann Heineken Experience ugesot. Eng bësschen aner Brauerei Visitt, déi wuel jiddwerengem gutt gefall huet. Besonnescht eng Degustatioun op hirer Rooftop Bar bei schéinster Sonn huet fir vill Spaass gesuergt.
Mat engem klenge Spadséiergang duerch Amsterdam, ass et an d’ Foodhallen gaang, wou zesummen zou Owend giess gouf.
Bei engem leschte Patt op enger Terrass un enger Gracht ass dunn den zweeten Dag ausklénge gelooss ginn.
Méindes war du leider schonn erëm de leschten Dag vun der Rees, a mir hunn Amsterdam a Richtung Eindhoven verlooss.
Fir d’eicht goung et bei den absolut impressionnanten Daf Musée. Et hat wuel kee mat der grousser Unzuel un interessanten Exponate gerechent. Daf Camionen an Daf Autoen, an engem wonnerbaren Zoustand, ginn hei an engem flotte Kader präsentéiert.
No engem gemeinsame Mëttesiessen op enger Terrass an Eindhoven, war dunn nach als leschten Akt, de Philips Musée, ugesot. Et war schonn erstaunlech fir ze gesi wei eng Erfindungen dës Firma am Laf vun hirer Geschicht gemaach huet.
Uschléissend ass et dunn definitiv erëm zeréck op Lëtzebuerg gaangen.
En décke Merci un eis Elterevereenegung an eis Direktioun fir hir Ënnerstëtzung!