Schoulfest 2025
Dëst Schouljoer ass eriwwer an eis Schülerinnen a Schüler vun Dummeldeng an Déifferdeng hunn zesummen dem Summer voller Freed entgéint gekuckt.
De Schülercomité, d’Ekipp vum SSE/SePAS an de neie Proffecomité hun e mega Schoulfest organiséiert!
Lass goung et Méindes, de 7.7.25 em 10 Auer bis 16 Auer um Beggener Fussballsterrain.
Um Programm:
⚽ Vill Fussball
🎯 Top Spiller
🍭 Zockerwatt & Popcorn
🚜 Schüler op hiren Traktere
🔥 BBQ & Gedrénks
🎶 Gutt Musek a Stëmmung!
E grousse Merci un all di vill Leit di gehollef hunn!


















